D'Knights sinn zeréck am Ice Park: Heem-Première, Movember-Match a Coupe-Duell géint Mechelen

Beaufort Knights

LUX:
BEEFORT – D'Waarden huet en Enn! No Méint ouni Äis zu Beefort sinn d'Beaufort Knights endlech zeréck an hirem Heemechtsstadion. Dëse Samschdeg steet den éischten Heemmatch vun der neier Saison um Programm – an et gëtt gläich e besonneschen Ulass: Eis Movember-Match.

D'Supporter kënnen sech net nëmmen op e Géigner vun absoluttem Top-Niveau freeën, mä och op e grousse Dag ronderëm den Eishockey am Ice Park Beaufort.

Eng nei Realitéit am belsche Reglement
Wéi schonn am Saisonvirbericht ugekënnegt, huet sech d'belsch Hockey-Landschaft komplett verännert. No der Opléisung vun der CEHL spillen elo véier semi-professionell Ekippen aus där fréierer Liga souwuel an der Division 1 wéi och an der belscher Coupe (Beker van België): déi éischt Ekippe vu Léck, Herentals, Léiwen a Mechelen.

Dës Ekippen spillen op engem ganz anere Level wéi dat, wat mir bis elo gewinnt waren. D'Resultater mat zweestellege Victoire géint déi traditionell Division-1-Ekippe schwätze fir sech.

E haarde Léierprozess
D'Knights hu schonn e klengen Androck op dës nei Intensitéit kritt, wéi si fir hir éischt Auswäertsmatcher op Herentals (0-15 Néierlag) an op Léiwen (1-13 Néierlag) gereest sinn. Trotz de klore Resultater bidden dës Dueller eng wäertvoll Geleeënheet fir ze léieren a sech géint déi bescht Spiller aus der Belsch ze beweisen.

Coupe-Krimi géint d'Golden Sharks vu Mechelen
Fir den Optakt am Ice Park Beaufort empfänken d'Knights d'Ekipp vu Mechelen an engem Match, deen zur Beker van België gehéiert. D'Fans kënnen sech op e séieren, intensiven an usprochsvollen Eishockey freeën.

Eis Ekipp wäert all Ënnerstëtzung vun de Räng brauchen, fir Paroli ze bidden an alles um Äis ze loossen!

Movember, nei Trujen a Merch
Dëse Match steet och am Zeeche vum Movember. Fir deen Ulass presentéieren d'Knights hir nei Matchtrujen, déi fir d'éischt Kéier um Äis ze gesi sinn.

Zousätzlech sinn al Matchtrujen souwéi aner Merchandise-Artikelen ze kafen. Fir Iessen a Drénken ass och gesuergt – also kënnt fréi, genéisst den Dag a ënnerstëtzt d'Ekipp.

Kommt all laanscht, ënnerstëtzt d'Jongen, feiert mat eis de Retour vum Äishockey op Beefort a setzt en Zeeche fir de Movember!

ENG:
The Knights Are Back at the Ice Park: Home Premiere, Movember Game and Cup Clash Against Mechelen
BEEFORT – The wait is over! After months without ice in Beaufort, the Beaufort Knights are finally back in their home arena. This Saturday marks the first home game of the new season – and it comes with a special occasion: our Movember game.

Supporters can look forward not only to a top-level opponent, but also to a full day of hockey at the Ice Park Beaufort.

A New Reality in Belgian Hockey
As already announced in our season preview, the Belgian hockey landscape has completely changed. Following the dissolution of the CEHL, four semi-professional teams from that former league now compete both in Division 1 and in the Belgian Cup (Beker van België): the first teams of Liège, Herentals, Leuven and Mechelen.

These teams play at a completely different level than what we have been used to so far. Their double-digit victories against traditional Division 1 teams speak for themselves.

A Tough Learning Process
The Knights have already had a small taste of this new intensity during their first away games, travelling to Herentals (0-15 loss) and Leuven (1-13 loss). Despite the clear results, these games offer a valuable opportunity to learn and to test ourselves against some of the best players in Belgium.

Cup Clash Against the Mechelen Golden Sharks
For their home opener at the Ice Park Beaufort, the Knights welcome Mechelen in a game that counts towards the Beker van België. Fans can expect fast, intense and demanding hockey.

Our team will need every bit of support from the stands to compete and leave everything on the ice!

Movember, New Jerseys and Merchandise
This game is also dedicated to Movember. For the occasion, the Knights will present their new game jerseys, which will be seen on the ice for the first time.

In addition, old game jerseys and other merchandise items will be available for purchase. Food and drinks will also be available – so come early, enjoy the day and support the team.

Come along, support the boys, celebrate the return of hockey to Beaufort and show your support for Movember!

Fotograféiert vum Beaufort Knights

image