Dominanz zu Léiwen: D'Knights gewannen zolidd 5-1
19th October 2025
Beaufort Knights
Fotograféiert vum Szymon Mazurek

🇱🇺
D'Beaufort Knights hunn e Samschdeg eng iwwerzeegend Leeschtung geliwwert a mat enger zolitter 5-1 Victoire iwwer d'Leuven Chiefs White gewonnen. No der dramatescher Victoire am Shootout am éischte Match, war dës Victoire en däitlecht Zeechen, datt d'Ekipp d'Lektioune vum Trainer Andrey Esipov séier ophëlt, besonnesch säin Accent op Disziplin an d'Anhale vum Spillplang.
Séiere Start garantéiert de Gewënn
D'Knights hunn de Match vun Ufank u kontrolléiert, d'Chance vun der Heemekipp limitéiert an am éischten Drëttel eng 3-0 Féierung erausgespillt.
D'Goler koume vum Magier Sacha Backes a vum Trainer Andrey Esipov. Den Highlight vum Drëttel war awer e wonnerschéin ausgefouerten One-Timer vum Demir Mededovic. Den Demir war motivéiert duerch eng privat Fan-Grupp, déi extra aus der Belsch ugereest war, fir hien unzefueren, a seng Leeschtung huet him de Schwäert-Award vum Match abruecht.
Och wann d'Beeforter d'Kontroll behalen hunn, ass Unzuel vun de Goler déi lescht zwee Drëttel erofgaangen. Déi lescht zwee Goler fir d'Knights koume vum jonken Talent Noah Reinhart a vum "Oldie", dem Kapitän Claude Mossong.
Eng weider staark Leeschtung koum vum jonke Pol Scholtes, deen säin Debut an der defensive ginn huet. Säi Spill war esou zolidd an zouverlässeg, datt d'Ekipp him d'SchĂ«ld-Award iwwerreecht huet.Â
Mam Piotr Swiderek a mam Sven Cruchten, déi sech d'Aarbecht am Gol gedeelt an hir Aarbecht effektiv gemaach hunn, hunn d'Knights all dräi Punkte geséchert an se mat Heem op Lëtzebuerg bruecht, zesumme mam Meederchers-Team vum Club am Bus.
Den Trainer Esipov war zefridde mat allem.
Den Tainer Esipov war dankbar fir d'Victoire an d'Engagement vun der Ekipp fir sech ze verbesseren:
"Ech wéilt jidderengem fir d'Victoire gratuléieren. Mir hu virum Match geschwat, eis schwaach Punkten identifizéiert a probéiert, se ze verbesseren. Et ass super ze gesinn, wéi d'Jongen hiert Bescht ginn, och ouni reegelméisseg Äis-Training. Ech war wierklech zefridde mat deem Effort, den si beim Zesummespill als Ekipp gewisen hunn."
Hien huet och déi rezent Aarbecht mat hire lokale Partner an d'Ënnerstëtzung vum Club ervirgehuewen:
"Ech wéilt och de Foxes  an dem Christer dofir Merci soen, datt si e Mëttwoch e Scrimmage mat eis gespillt hunn. Ech denken, dee Match huet eis Vertraue ginn. A besonnesch grousse Merci eisem Meederchers-Team, dat de Bus mat eis gedeelt huet. Et huet wierklech e Gefill vermëttelt vu eppes méi Grousses wéi just e Veräin! Merci un Iech all!"
Eng richteg Bewärungsprouf waart zu Antwerpen
D'Knights stinn elo bei 2-0, awer hire schwéiersten Test vun der Saison waart de nächste Weekend zu Antwerpen. Si wäerte géint eng vun den Top-Ekippen an der Liga spillen, wat de kommende Match zu enger wichteger Erausfuerderung an engem gudde Moossstaf vum Knights hirem aktuellen Niveau mécht.
Dëst ass den drëtte vun de fënnef Auswäertsmatcher hannereneen, ier de Puck endlech fir d'éischte Kéier zu Beefort den 8. November fale wäert. Bleift drun an ënnerstëtzt d'Knights bei dëser richteger Erausfuerderung!
EN
Dominance in Leuven: Knights Secure Solid 5-1 Victory
The Beaufort Knights delivered a comprehensive performance on Saturday, executing a solid 5-1 win over Leuven Chiefs White. After a dramatic shootout win in the opener, this victory served as a clear statement that the team is quickly absorbing the lessons of coach Andrey Esipov, particularly his emphasis on discipline and adherence to the game plan.
Fast Start Seals the Deal
The Knights controlled the game from the outset, limiting the home team's opportunities and jumping out to a commanding 3-0 lead in the first period.
The goals came courtesy of magician Sacha Backes and coach Andrey Esipov. However, the highlight of the period was a beautifully executed one-timer by Demir Mededovic. Demir was motivated by a private fan group that had traveled from Luxembourg just to cheer him on, and his performance earned him the game’s Sword Award.
While Beaufort maintained control, the scoring slowed down in the final two periods. The last two goals for the Knights came from the stick of young talent Noah Reinhart and the old fart, Captain Claude Mossong.
Adding to the strong team performance, young Pol Scholtes made his debut on the defensive line. His play was so solid and reliable that the team rewarded him with the Shield Award.Â
With Piotr Swiderek and Sven Cruchten splitting time and doing their jobs effectively between the pipes, the Knights secured all three points and brought them home to Luxembourg, sharing the bus ride with the club's girls' team.
Coach Esipov was happy about everythingÂ
Coach Esipov was grateful for the win and the team's commitment to improvement:
“I’d like to congratulate everyone on the win. We talked before the game, identified our weakest points, and tried to correct them. It’s great to see how the guys are giving their best even without regular ice practices. I was really pleased to see how much effort they put into making passes and playing as a team.”
He also credited the recent work with their local counterparts and the support from the club:
“I’d also like to thank the Foxes and Christer for playing the scrimmage with us on Wednesday. I think that game gave us confidence. And special thanks to our girls’ team, who shared the bus with us. It really gave a feeling of something bigger than just a club! Thank you, everyone!”
A True Test Awaits in Antwerp
The Knights are now 2-0, but their toughest test of the season awaits next weekend in Antwerp. They will face one of the top teams in the league, making the upcoming game a crucial challenge and a great measurement of the Knights' current level.
This will be the third out of five consecutive away games before the puck finally drops for the first time in Beaufort on November 8th. Be sure to follow the Knights as they take on this real challenge!
Â
