Knights support IIHF position on Ukraine crisis

Foto vun Liam McEvoy



01 March 2022

In light of the events taking place since last Thursday in Ukraine, the Beaufort Knights wish to make the following statement: 

 

We as a sports club echo the sentiments of the International Ice Hockey Federation (IIHF) and while we are not a political entity and have no influence over the decisions of governments around the world, we join the IIHF and the rest of the sporting world in fiercely condemning the actions of the Russian government and military in their efforts to invade the sovereign nation of Ukraine by force. We as an organization do not condone any acts of unprovoked violence and wish to offer our sincerest commiserations and support to the citizens of Ukraine. We also wish to applaud the many Russian nationals who have strongly opposed this attack and who have been horrified to see their government abuse its power in their name. Those who play and support the game of Ice hockey have always prided ourselves on being a family of fierce competitors on the ice, but deeply respectful of each other off of it. 

 

Should any of our wonderful fans wish to contribute to supporting the victims of this war then please feel free to make a donation to any of the charities listed below. We thank you in advance for your love and as always GO Knights.  

 

 

En vue vun deenen trageschen Evenementer déi seit leschter Woch an der Ukraine stattfannen, wellen mir Beaufort Knights deen folgenden Statement erausgin: Als Aishockeyclub stinn mir voll an ganz hannert dem Communiqué deen d’ International Aishockey-Federation (IHF) zu desem Thema gemaach huet, an déi desen Krichs-Akt op d’schärfst verurdeelt. Och wann mir als Sportsveräin eis sollen aus der Politik eraushaalen an och wann mir keen Afloss iwert d’ Entscheedungen déi vun den Regierungen weltwäit getraff gin hun, sou deelen mir awer d’Entscheedung vun der IHF an verurdeelen op d’schärfst d’Aktiounen vun der Russescher Regierung an vum Russeschen Militär déi décidéiert hun engem onoofhängegen Land den Krich ze erklären an eng Invasioun ze starten. 

 

Mir kënnen op keen Fall dësen onsënnegen Akt vun Gewalt géint en ontschëllegt Vollek gutheeschen an mir drécken der Ukraine an sengen Bierger an dësen schwéieren Zäiten eist Matgefill aus. Mir wellen awer och allen Russeschen Bierger, déi entsaat sin iwert des Gewalt-eskalation an déi dogéinst protestéieren eis Unerkennung gin. Jiddereen deen Aishockey spillt, gespillt huet oder ganz einfach nemmen en Supporter vun dësem groussartegen Sport ass, weess dass mir um Ais Rivalen, awer eroof vum Ais eng grouss Famill sin, wou den Respekt virun deem aaneren am Mëttelpunkt steet.

 

Wann dir als Supporter wellt d’Affer vun desem Krich an iergendenger Weis wëllt ënnerstetzen, fannt dir an desem Post d’ Linken vun verschiddenen Hëllefs-organisatiou’nen. Mir soen Iech alleguer vun Härzen Merci fir ären Geste, an wéi emmer: 

 

GO KNIGHTS!!!!

 

 

https://www.caritas.lu/en/make-donation?fbclid=IwAR1U1RrAt2wSlq9aKqSHm8QYwSSqFvMvgrvJYICniPOwXwb0pGylAC7qV00

 

https://msf.lu/en/news/all-news/emergency-ukraine

 

https://www.unicef.lu/dons

 

https://www.amnesty.org/en/donate/